Jos Kirps Homepage
Op dësem Site gëtt et just e klenge Résumé mat deene wichtegsten Informatiounen an e puer Linken. Alles aanescht fënnt een op menge Websiten...
Vun 1994-1998 war ech Gitarrist bei
Pagan Lorn. Mir hunn
2 CDen erausbruecht, Black Wedding (1996) an Nihilennium (1998). Um
Pagan Lorn Website kann een all Lidder gratis eroflueden (MP3) an och de Video vu Beaufort kucken.
1998-2000 hunn ech u mengem
éischte Film Stag Wards geschafft. Et ass en 3D Animatiounsfilm vu ronn 20 Minutten. Leider sinn ech nie dozou komm de Soundtrack fäerdeg ze maachen.
Vu 1998-2002 hunn ech als Schoulmeeschter an der Gemeng Réiser geschafft.
Am Joer 2000 hunn ech ugefang eng Software ze schreiwen fir Websiten ze verwalten, déi ech
OLEFA genannt hunn. 2001 hunn ech dës Software weiderentwéckelt fir se och fir Schoulen interessant ze maachen (Wiki, Gestioun vun der Bibliothéik, ...). Se gouf um Website vun de Réiser Schoulen installéiert.
2002 hunn ech mam Pino Fiermonte a mam Frank Trierweiler d'Firma
EducDesign gegrënnt. EducDesign huet dunn de Vertrieb vun OLEFA iwwerholl. Am Cadre vun EducDesign hunn ech OLEFA weiderentwéckelt. Zënter 2008 sinn ech net méi bei EducDesign a schaffen elo och net méi un OLEFA.
2006 hunn ech ugefangen nei Softwarekonzepter ze entwéckelen. D'Resultat ass
CorneliOS, e WebOS a Framework. Op Basis vu CorneliOS sinn eng ganz Rei innovativ Projet'en entstan.
Zënter 2008 schaffen ech rëm als Schoulmeeschter an der
Primärschoul Eilereng.